D’ Lënster Musek wëll seng super Equipe ausbauen. De Geck an den Eck.
Mir brauchen bei eis an der Musek esou Leit wéi dech:
– déi en Instrument spillen
– déi en Instrument gespillt hun
– déi een Instrument wëlle léieren spille.
Am Moment ziele mir iwwer 60 aktiv Musikanten mat engem Duerschnëttsalter vun 32 Joer.
Eis Zieler:
– Spaass un der Musek
– Eng optimal Besetzung
– en ofwiesslungsräiche Programm
( Concerten, Sortien, Fräizäitaktivitéiten, wéi z.B.
Bowling Holz géint Blech, Visiten vun Music-
shows, der Philharmonie … )
Well, mir sinn keen dréchenen Jickeclub!
Mir sinn eng motivéiert Musek, déi Freides vun 20:00 – 22:00 zu Jonglënster am Musekssall prouft.
Vun 18:45 – 19:45 gëtt speziell no eisem Nowuess gekuckt a mat hinne geprouft.
Mir wären begeeschtert dech an eise Reien dierfen ze “héieren” !
Mat musikalesche Gréiss,
Deng Lënster Musek asbl
Centre Culturel » Am Duerf «
rue du village / Junglinster