Shrunk Expand

Info

D’ Lënster Musek wëll seng super Equipe ausbauen. De Geck an den Eck.
Mir brauchen bei eis an der Musek esou Leit wéi dech:
– déi en Instrument spillen
– déi en Instrument gespillt hun
– déi een Instrument wëlle léieren spille.

Am Moment ziele mir iwwer 40 aktiv Musikanten mat engem Duerschnëttsalter vun 28 Joer.

Eis Zieler:
– Spaass un der Musek
– Eng optimal Besetzung
– en ofwiesslungsräiche Programm
( Concerten, Sortien, Fräizäitaktivitéiten, wéi z.B.
Bowling Holz géint Blech, Visiten vun Music-
shows, der Philharmonie …  )

Well, mir sinn keen dréchenen Jickeclub!
Mir sinn eng motivéiert Musek, déi Freides vun 20:00 – 22:00 zu Jonglënster am neie Musekssall prouft.
Vun 19:00 – 20:00 gëtt speziell no eisem Nowuess gekuckt a mat hinne geprouft

Mir wären begeeschtert dech an eise Reien dierfen ze “héieren” !

Mat musikalesche Gréiss,

Deng Lënster Musek asbl
Centre Culturel » Am Duerf «
rue du village / Junglinster



Comments are closed.